
serge tonnar & legotrip - deng mamm! lyrics
d’denker an och d’philosophen, an all d’mënschen an de stroossen
froe sech: “wou gi mer hin, a wat soll d’quell vum liewe sinn?”
mir si keng gëtter a keng déieren, wëssen net wou mer hi gehéieren
wësse vun dësem liewen am fong just dass mer stierwen
an ech soen: “papperlapapp a blablabla barbapa marmelade
papa mama tatta mammelikanner”
an du hëls dech sech sou eescht, mengs dass keen der d’waasser reecht
a wäеrs méi wichteg wéi déi meescht, an häss iwwerhaapt scho vill geleescht
mеngs dass dat eppes heescht
an ech soen: “papperlapapp a blablabla barbapa marmelade
papa mama tatta mammelikanner”
ech si gott begéint, an ech frot gott:
“hey, gott, kanns du mer hëllefen? wat ass de sënn vum liewen?
firwat musse mer alleguer stierwen?
wou ginn ech hin? wou sinn ech? wee sinn ech?
wou kommen ech hier? wat ass den urspr+ng vum liewen?”
an du sot gott:
deng mamm!
an du si mer d’aen opgaange wéi ginzescheeken
wosst wou d’mënschen hierkommen an och d’schleeken
vun der mama+mënsch a vun der mama+schleek
an och souguer vun der mama+ginzescheek
an du wollt ech “merci gott” soen, mee ech hu kee gott méi fonnt
dat ass firwat ech em guer net merci soe konnt
an och mama+schleek a mama+ginzescheek hunn ech keng gesinn
an et gëtt just een, deem ech merci soen, dass ech iwwerhaapt hei sinn
an dat ass meng mamm!
Random Lyrics
- luvo37 - faker lyrics
- olympe chabert - 1somnie lyrics
- łzy (pol) - twoja, ot tak lyrics
- velified music group - c'est la vie lyrics
- faced out (sp) - wretched ascension lyrics
- fripside - eternal reality (version 2025) lyrics
- confetticannons - equilibrium lyrics
- the ivy (usa) - entangled lyrics
- pajel & benno! - wock lyrics
- loco frankachela - algun flow lyrics