azlyrics.biz
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

turnup tun - 112 lyrics

Loading...

[intro]
wisou sinn ech net éierlech mat mir?
et ass mer ze geféierlech mat dir jo
mee du stoungs rem um véier vrun der dier
an ech spieren déi flam
a falen an d’faal

[pre+chorus]
an et geet rëm lass
wat ass lass mat mir
du has mech beschass
mee ass scho vergiess
all d’gefiller zeréck
scho rëm alles vu vir
stierze mech an d’ongléck
mat dir dir dir dir

[verse]
an et kënnt wéi et kënnt
jo du kënns erëm
baby du bass eng schlang
brauch e géigegëft
soulaang d’chemie nach stëmmt
si mir méi wéi frënn
jo jo jo jo
all meng noutkontakter si bereet
a souguer mäin dokter weess bescheed
just am fall vum fall dass et schif geet
du weess
[pre+chorus]
an et geet rëm lass
wat ass lass mat mir
du has mech beschass
mee ass scho vergiess
all d’gefiller zeréck
scho rëm alles vu vir
stierze mech an d’ongléck
mat dir dir dir dir

[chorus]
ruff den 112
well ech hu mer mäin häerz verbrannt
dokter so mer muss ech stierwen
oder brauch ech just e klenge verband?
jo
ruff den 112
well ech hu mer mäin häerz verbrannt
dokter wäert ech iwwerliewen?
oder brauch ech awer eng ambulanz

[verse]
“112, wat ass ären noutfall? ”
hëllef ech mengen ech muss stierwen
firwat hunn ech soss e stiechen an der broscht?
alles brennt ech ka just nach bieden
otem kuerz hei ass schwiefel an der loft
“wou sidd der grad drun?”
sinn am bett a kann net schlofen
fille mech net gutt an dat de ganzen owend
firwat misst hatt mech och grad elo verloossen
“hëllef ass ënnerwee”
[chorus]
ruff den 112
well ech hu mer mäin häerz verbrannt
dokter so mer muss ech stierwen
oder brauch ech just e klenge verband?
jo
ruff den 112
well ech hu mer mäin häerz verbrannt
dokter wäert ech iwwerliewen?
oder brauch ech awer eng ambulanz
ruff den 112
ruff den 112



Random Lyrics

HOT LYRICS

Loading...